bgbg
swoosh

1. Dateschutzpolitik

Den zweck vun dëser dateschutzpolitik ass et, iech doriwwer ze informéieren, wéi eng informatiounen inbev belgium bvba/sprl, déi hire sëtz an der 1 rue de la Brasserie, L - 9214 D (e-mail CSC.FO.LUX@mouseldiekirch.lu), op der websäit, op där sech dës politik befënnt, sammelt, firwat mir dës informatioune sammelen a wéi mir mat den informatiounen, déi dir eis gitt, an den informatiounen, déi mir duerch är visite op eiser websäit iwwer iech kréien, ëmginn. är benotzung vun dëser websäit implizéiert, dass dir dës dateschutzpolitik akzeptéiert. wann dir net mat eiser dateschutzpolitik d'accord sidd, benotzt dës websäit w.e.g. net.      

Informatiounen, déi gesammelt ginn an Zweck fir dee se gesammelt ginn

Mir sammele perséinlech Donnéeën iwwer eis Benotzer op zwou Aart a Weisen:

-       iwwer d'Aschreiwung an d'Informatiounen, déi mir vun Iech op verschiddene Säiten op der Websäit froen; an/oder

-       iwwer Cookies (fir méi Informatiounen iwwer Cookies, kuckt w.e.g. hei drënner).

Mir kënnen Iech no Ärem Numm, Alter, Adress, Uertschaft, Postleetzuel, Handynummer, E-Mail-Adress, Kommentaren, Suggestiounen oder aneren Informatiounen iwwer eis Websäit, eis Produiten oder Servicer, oder d'Firma, froen. Mir kënnen zousätzlech aner Zorte vun Informatioune froen, am Zesummenhang mat Concoursen, Auslousungen, anere Promotiounen oder anere Marketingaktivitéiten. Den Zweck vum Sammele vun dëse perséinlechen Informatiounen ass:

- se bannent AB InBev [Lëtzebuerg] Limited ze benotzen, während mir doru schaffen, de beschte Béierproduzent an enger besserer Welt ze ginn;

-       op Är direkt Froen ze äntweren, wéi dee Moment an deem mir Är Informatioune sammele beschriwwen oder wéi et Iech op eng aner Aart a Weis beschriwwe gouf ier Är Informatioune benotzt ginn,

-       Är Participatioun u Concoursen, Auslousungen, Promotiounen oder anere Marketingaktivitéiten ze geréieren,

-       Iech an eis Konsumenten am allgemenge besser ze verstoen, an

aner legitim Geschäftszwecker, zum Beispill Iech vun Zäit zu Zäit Informatiounen ze schécken, vun deene mir mengen, dass se Iech kënnen interesséieren, dorënner och Informatiounen iwwer eis oder eis Produiten a Servicer per E-Mail/Post/SMS (wann Dir eis d'Autorisatioun dofir ginn hutt wéi Dir Iech ageschriwwen hutt).

Mir kënnen d'Informatiounen, déi Dir eis gitt, mat Donnéeën iwwer Iech, déi mir aus anere Quelle kruten, kombinéieren, och wann Dir eis Är Informatiounen op anere Plazen oder iwwer aner Medie ginn hutt, wéi zum Beispill op anere vun eisen AB InBev Websäiten.

Wann Dir de Kontaktformular benotzt fir eis ze kontaktéieren, sammelen an traitéiere mir nëmmen Ären Numm an Är Kontaktdonnéeën. Et steet Iech fräi, eis méi Informatiounen ze ginn.

D'passiv Informatiounen, déi mir enregistréieren, gi benotzt fir Är Benotzung vun eiser Websäit an d'Offeren, déi mir Iech op eiser Websäit presentéieren, ze personaliséieren an ze verbesseren.

Dës Informatioune ginn och benotzt fir eis et ze erlaben Äre Benotzernumm automatesch anzefëllen, fir Iech et méi einfach ze maache fir Iech anzeloggen, nodeems Dir en enregistréierte Member vun engem Programm oder Service op eiser Websäit gi sidd (zum Beispill fir Iech fir e bestëmmte Concours anzeschreiwen).

Fir aner Zwecker wéi déi, déi hei driwwer identifizéiert goufen, identifizéiert AB InBev [Lëtzebuerg] Limited d'Zwecker fir déi se Är perséinlech Informatioune wëllt sammelen ier d'Informatioune gesammelt ginn oder dee Moment wou se gesammelt ginn oder ier Är perséinlech Informatioune fir en Zweck benotzt ginn, deen net virdrun identifizéiert gouf.

AB InBev [Lëtzebuerg] Limited an hir Agenten halen Är perséinlech Informatiounen nëmmen esou laang wéi et néideg ass fir d'Zwecker, déi hei driwwer beschriwwe goufen, ze erfëllen oder esou laang wéi d'Gesetz et virschreift.

Dir kënnt Marketinginformatioune vun eis desabonnéieren andeems Dir einfach "Stop" per SMS oder "Unsubscribe" per E-Mail op eng vun eise Marketingnoriichten äntwert oder op de Link 'Unsubscribe" an de Marketing-E-Mailen, déi mir Iech schécken, klickt. Alternativ kënnt Dir eis eng Ufro iwwert d'Kontaktdonnéeën, déi ënnert dëser Politik stinn, schécken.

Huelt w.e.g. zur Kenntnis dass, wann Dir Iech dozou entscheet, keng Noriichte mat Reklamme vun eis ze kréien, mir Iech awer nach Informatioune schécken, déi mat engem Kont, deen Dir bei eis hutt, oder enger Geschäftsrelatioun, déi Dir mat eis hutt, zesummenhänken, zum Beispill betreffend eng Ufro iwwer eis Produiten oder Servicer, déi Dir gemaach hutt (zum Beispill Noriichten iwwer Concoursen un deenen Dir deelgeholl hutt).

Als Benotzer hutt Dir d'Recht, Informatiounen iwwer d'Donnéeën, déi Iech betreffen, déi mir enregistréieren, an iwwer den Zweck vun dësem Enregistrement ze froen. Dir hutt och d'Recht ze verlaangen, dass falsch Donnéeë verbessert ginn an dass Donnéeën, déi net gëeegent sinn oder net méi gebraucht gi geläscht ginn. Fir Informatiounen, Froen oder Suggestioune wat den Dateschutz ugeet, zéckt net eis ze kontaktéieren.

Mir huelen technesch an organisatoresch Moossname fir Är Donnéeën esou komplett wéi méiglech ze schützen. Zousätzlech zu der Vertraulechkeetsverflichtung vun eisen Employéen an enger suergfälteger Auswiel a Kontroll vun eise Prestatairen, séchere mir och eist operationellt Ëmfeld op eng adequat Aart a Weis.

Wann Dir Froen, Kommentaren oder Reklamatiounen hutt, kontaktéiert w.e.g. eis Conseillèren am Beräich vum Dateschutz: FIRST PRIVACY (Bremen, Däitschland) ABInbev_Europe@firstprivacy.com

 

Benotze vu Cookies

Mir benotze Cookies op eiser Websäit. Cookies si kleng Textfichieren, déi vu Websäiten, déi Dir besicht, op Ärem Computer deposéiert ginn. Si gi vill benotzt fir dass Websäite fonctionnéieren oder besser fonctionnéieren a fir de Besëtzer vun der Websäit Informatiounen ze liwweren.

D'Cookies, déi mir benotzen, si wichteg fir d'Sproochauswiel ze späicheren, fir Informatiounen ze sammelen a fir d'Benotzung vun der Websäit via Google Analytics ze analyséieren. Dir kënnt all Cookies vun dëser Websäit läschen a blockéieren, mä verschidden Deeler vun der Websäit fonctionnéieren an deem Fall net.

Temporär Google Analytics: Google Analytics ass en Instrument, dat de Besëtzer vu Websäiten erlaabt ze moossen, wéi d'Benotzer mam Inhalt vun der Websäit ëmginn. Während e Benotzer op de Websäite surft, liwwert Google Analytics de Besëtzer vun de Websäite JavaScript-Tags (Sammlungen), fir Informatiounen iwwer d'Säit, déi e Benotzer gesinn huet, zum Beispill d'URL vun der Säit, ze enregistréieren. D'JavaScript-Sammlunge vu Google Analytics benotzen HTTP Cookies fir sech drun ze "erënneren" wat e Benotzer op de Säite virdrun/a fréieren Interaktioune mat der Websäit gemaach huet.
 
Déi meescht Webbrowseren erlaben et, déi meescht Cookies iwwer d'Browserastellungen ze kontrolléieren. Fir méi Informatiounen iwwer Cookies, zum Beispill fir ze gesi wéi eng Cookies enregistréiert goufen a wéi Dir se kënnt geréieren a läschen, kuckt www.allaboutcookies.org.
 

Sozial Netzwierker

Dës Websäit benotzt Plugins fir sozial Netzwierker. Och wann Dir kee Benotzer vun dëse sozialen Netzwierker sidd, gëtt Är IP-Adress un d'Servere vun der Firma, déi d'soziaalt Netzwierk bedreift, iwwermëttelt.
 
Conversiounstracking oder personaliséiert Gruppe vun eise Websäiten oder Handy-Applikatiounen:
 
(A) Drëttfirmae kënne Cookies, Web-Beacons an ähnlech Technologië benotze fir Donnéeë vun eiser Websäit/eisen Applikatiounen an op anere Plazen am Internet ze sammelen an ze kréie fir dës Informatiounen ze benotze fir personaliséiert Servicer a cibléiert Reklammen, och op Facebook, ze proposéieren;
 
(B) Dir kënnt d'Donnéeën, déi net gesammelt a fir cibléiert Reklamme benotzt ginn auswielen; Dir fannt d'Optioun fir dës Wiel op dëser Säit: www.aboutads.info/choices.
 

Direktmarketing

Mir verkafe keng perséinlech Informatiounen un onofhängeg Drëttfirmae fir Geschäftszwecker, mä mir kënne vun Zäit zu Zäit Är Informatioune weiderginn u Prestatairen, déi an eisem Optrag schaffen, u Firmaen, déi zu eisem Grupp gehéieren, dorënner och eis Daachgesellschaft an aner AB InBev Marken, oder u Geschäftspartner wéi Drëttfirmaen, mat deene mir zesumme Promotiounen oder Programmer duerchféieren an déi kënnen drun interesséiert si fir Iech méi Informatiounen iwwer hir Marken ze liwweren.
 
Wann Dir decidéiert, dass Dir keng kommerziell Informatiounen oder Reklammen iwwer eis Produiten a Servicer oder iwwer d'Produiten oder Servicer vun de Firmae vun eisem Grupp oder eise Geschäftspartner, mat deene mir zesumme Promotiounen oder Programmer duerchféieren, wëllt kréien, da schéckt w.e.g. en E-Mail op CSC.FO.LUX@mouseldiekirch.lu a mentionéiert “OPT-OUT” als Sujet vum E-Mail. Alternativ kënnt Dir d'Opt-Out-Prozedur benotzen, déi an all Marketingnoriicht, déi Dir vun eis kritt, beschriwwen ass. 
 

Huelt w.e.g. zur Kenntnis dass, wann Dir Iech dozou entscheet, keng Noriichte mat Reklamme vun eis ze kréien, mir Iech awer nach Informatioune schécken, déi mat engem Kont, deen Dir bei eis hutt, oder enger Geschäftsrelatioun, déi Dir mat eis hutt, zesummenhänken, zum Beispill betreffend eng Ufro iwwer eis Produiten oder Servicer, déi Dir gemaach hutt (zum Beispill Noriichten iwwer Concoursen un deenen Dir deelgeholl hutt).

Deele vu perséinlechen Donnéeën

Huelt w.e.g. zur Kenntnis, dass mir, jee no der uwennbarer Dateschutzlegislatioun, Är perséinlech Informatioune weiderginn, wa mir dovun iwwerzeegt sinn, dass mir dat musse maache fir d'Gesetz, e Reglement, en Uerder vum Geriicht, eng juristesch Demande oder eng Demande vun der Regierung ze respektéieren. Am onwahrscheinleche Fall, dass eis Firma komplett oder deelweis vun enger Drëttfirma opkaf gëtt, ginn Är Informatiounen un den neie Besëtzer weidergeleet. Ouni eng Verflichtung dofir anzegoen, behale mir eis d'Recht vir fir Informatiounen ze sammelen a weiderzeginn, vun deene mir mengen, dass se néideg si fir eng Enquête ze maachen oder Moossnamen ze huelen an engem Fall vu Verdacht op Bedruch, illegal Aktivitéiten, méigleche Schued fir Persounen oder Gidder, fir eis selwer oder een oder méi vun eise Benotzer oder hir Ierwen ze schützen, oder déi vum Gesetz virgeschriwwen oder erlaabt sinn. 
 
Denkt och drun, dass verschidden Deeler vun eiser Websäit interaktiv kënne sinn an et Iech kënnen erlaben, Informatiounen ze verëffentlechen, déi aner Benotzer kënne gesinn. Wann Dir net wëllt, dass dës Informatiounen ëffentlech siichtbar sinn, da benotzt dës Deeler vun der Websäit w.e.g. net.
 

Websäite vun Drëtten

A verschiddenen Deeler vun dëser Websäit kënne mir Links zu Websäite vun Drëtten ubidden. Dës Dateschutzpolitik beschreift net d'Praktike vun der Informatiounssammlung op anere Websäiten, och net déi, déi duerch e Link mat dëser Websäit verbonne sinn. Dës Links ginn Iech als Informatioun zur Verfügung gestallt, mä huelt w.e.g. zur Kenntnis, dass mir dës Drëttfirmaen an hir Websäiten net kontrolléieren an dass dës Drëttfirmaen aner Dateschutzpolitiken hunn, déi op d'Informatiounen, déi Dir liwwert, wann Dir op de Websäite vun dësen Drëttfirmae surft, uwennbar sinn. Mir recommandéieren, dass Dir d'Dateschutzpolitiken vun alle Websäite suerfälteg liest, ier Dir Informatioune liwwert, déi Iech perséinlech identifizéiere kënnen.
 

Är Rechter

Dir kënnt all Moment Äert Recht op Zougang an, jee nom Fall, op Verbesserung oder Läsche vun de perséinlechen Donnéeën, déi Iech betreffen, a Konformitéit mat den uwennbaren Dateschutzgesetzer ausüben andeems Dir eng Demande mat enger Kopie vun Ärer Carte d'Identité oder Ärem Pass un CSC.FO.LUX@mouseldiekirch.lu oder per Post un Consumer Care, 1 rue de la Brasserie L – 9214 DIEKIRCH, schéckt. Dir kënnt eis och all Moment, gratis an ouni e Grond mussen unzeginn, wéi hei driwwer beschriwwe matdeelen, dass Dir keng Reklamme méi wëllt kréien.
 

Sécherheet

Mir benotzen d'Standardmoossnamen an eisem Secteur fir d'Informatiounen, déi op dëser Websäit geliwwert ginn, ze schützen. Obschonns mir eist Bescht maache fir d'Sécherheet vun Äre perséinlechen Donnéeën ze garantéieren, ass keng Websäit honnertprozenteg sécher a mir encouragéieren Iech dofir, déi néideg Moossnamen ze huele fir Iech selwer ze schützen, zum Beispill andeems Dir all Benotzernimm a Passwierder geheim haalt.
 

Legalen Alter fir Alkohol ze drénken/Kanner op eiser Websäit

Dës Websäit ass net geduecht fir a riicht sech net u Persounen, déi am Land an deem si wunnen net de legalen Alter hu fir Alkohol dierfen ze drénken, dorënner och Jonker vu manner wéi 18 Joer. Mir sammele mat Wësse keng Informatiounen iwwer dës Persounen. Wann Dir mengt, dass Äert Kand eis perséinlech Informatioune matgedeelt huet, kontaktéiert eis w.e.g. op CSC.FO.LUX@mouseldiekirch.lu
 
Dës politik gouf erstallt den an ass uwennbar zënter dem [datum ergänzen]. mir behalen eis d'recht vir, dës politik all moment, no eisem ermiessen, ze änneren, ze ergänzen oder deeler dovun ze läschen. mir recommandéieren, dass dir dës säit periodesch consultéiert fir déi rezentst versioun vun dëser politik ze liesen, wëll är benotzung vun dëser websäit nodeems d'ännerunge verëffentlecht goufe bedeit, dass dir dës ännerungen akzeptéiert. net desto trotz maache mir keng retroaktiv materiell ännerungen un der aart a weis wéi mir är perséinlech donnéeë benotzen ouni äert averständnis.
 

Anheuser-Busch InBev © 2017